Wellefcher
D'Branche Wëllefcher entsprécht dem Alter vun 8 - 11 Joer. An dëser Branche geet et drëm Frënn ze fannen, Fäegkeeten vun sengem Kierper ze entdecken an ze léiere wat eng gutt Guide oder ee gudde Scout ausmaachen. Duerch vill Spill a Spaass a mat Hëllef vun der Dschungelbuch Geschicht gëtt probéiert d'Wäerter an d'Kompetenze vu Guiden a Scouten ze léieren, bei de Wëllefcher soll d'Basis geluet gi fir herno een aktiven an engagéierte Member bei den LGS ze ginn. Op Weekender an eventuell klenge Campen am Inland gëtt probéiert d'Zesummeliewen am Wëllefchersruddel ze stäerken a fort vun der Schoul an doheem Frëndschaft, Abenteuer, Naturerliefniss a Spaass ze erliewen, an d'Regele vum gudden Zesummeliewen ze entdecken.
Ee Wëllefchersruddel besteet aus klenge Gruppen (Sizainen) wou ee Sixer an ee Second (Wëllefchen aus dem 3ten Joer) kleng Responsabilitéiten iwwerdroe kritt. Hei léieren d'Meedercher a Jonge scho fréi d'Bedeitung an d'Limitë vu Responsabilitéit. Spill a Spaass an der Natur an dobannen stinn awer ëmmer un éischter Stell, an ee Wëllefche gëtt ëmmer nëmmen un sengen eegene Fäegkeete gemooss, vir individuell saïn Fortschrëtt kennen ze erliewen. Eege Grenzen kennen léieren an dann iwerwannen, daat ass bei den Wëllefcher ganz wichteg. Ewéi all Branche spillen d'Wëllefcher och Theater.
Versammlung as Samschdegs vun 14h00-16h00 am Verainshaus oder beim Home St.Luc je no Aktivitéit zu Beetebuerg, ausser an den Schoulvakanzen.
Keine Forenbeiträge gefunden.