CaraPio
CaraPio as d'Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joer. Sie bilden zesummen eng CaraPio Trupp.
Mir hunn een mol an der Woch Versammlung, maachen ee Weekend pro Trimester a fueren an d'Ausland fir mindestens 10 Deeg op een internationale Camp oder maachen ee Camp-Volant.
Eis Methode berout op Internationalitéit, Abenteuer, Zesummenhalt an der Équipe, Naturerliefnis an Engagement/Spiritualitéit. Bei eis léiert een seng eege Grenze kennen, selbsténneg Denken an handelen, Veranwortungsgefill fir sech, déi aner an d'Ëmwelt esou wéi positivt Denken an Handelen.
Mir sinn dëst Joer zu ron 20 Leit, dovunner sinn de Bintz Paul, Henzig Claire a Frantzen Luc d'Responsabel fir d' CaraPio. Mir sinn domatter eng vun de gréissten an aktivsten Truppen am dem Land.
Mir hun Versammlung am Home St-Luc vun all Sondeg vu 17.00 bis 18.30 ausser an den Schoulvakanzen.
Keine Forenbeiträge gefunden.