Biber
D'Biber daat ass d'Branche vun de jéngste Lëtzebuerger Guiden a Scouten, a riichte sech u Kanner aus dem 1. an 2. Schouljoër.
An der Bibermethod wëlle mir de Kanner d'Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do as, de Respekt fir deen aneren a fir d'Natur méi no bréngen. D'Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesumme liewen begeeschtert gin a mir wëllen déi fir d'Kanner typesch positiv Astellung ënnerstëtzen. D'Kanner sollen an hirer Entwécklung gestäipt gin, si solle léieren sech auszedrécken. Si erliewen dass mir all zu enger grousser Famill gehéieren, dass mir all d'selwecht sin, och wa mir aner Kulturen, aner Reliounen, eng aner Sprooch oder eng aner Hautfaarf hun. Wéi d'Biber an der Natur, léieren d'Kanner hiirt Ëmfeld ze erfaassen an erliewen d'Schéinhete vun der Natur ouni awer d'Geforen ze ignoréieren.
D'Haaptelementer fir de Kanner d'Bibermethod méi no ze bréngen sin d'Bibergeschicht, d'Kniwwel an d'Spill. Mat enger klenger Geschicht gin d'Kanner an d'Thema agefouert. Duerch d'Kniwwel sollen d'Kanner hir egen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialien Bekanntschaft maachen. Et geet nët drëm, dass d'Kanner alles fäerdeg bréngen a kleng Konschtwierker schafen. Villméi solle si hir Fähegkeeten ausprobéiere kënnen. Duerch d'Spill kënnen d'Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen.
D'Biber treffe sech regelméisseg fir hir Biberversammlungen des as all Samsteg vun 14:00 bis 16:00 zu Beetebuerg am Verainshaus, ausser an den Schoulvakanzen. Néi Biber kennen d'ganzt Joer iwer opgeholl gin. Doniewt maache si Sortien, e Week-end vun enger Nuecht an den Héichpunkt vum Joër as e Camp mat 3 Nuechten.
Keine Forenbeiträge gefunden.