Geschichte

 

De Grupp Abbé Pierre ass de lokale Guiden- a Scouts Grupp fir all d'Dierfer aus der Gemeng Beetbuerg. De Grupp huet eng laang Geschicht an ass no enger Fusioun vum Grupp St.Luc vun de Lëtzebuerger Scouten an der Sektioun Ste.Odile vun de Lëtzebuerger Guiden 1996 ënnert dem neien Numm Abbé Pierre entstanen.

Mir bidde Programm a regelméisseg Vesammlungen, Weekender a Campe fir all d'Branche vun de Lëtzbuerger Guiden a Scouten un. Alle Branche steet eng kompetent a forméiert Chefekipp zur Säit, déi sech ëm de Programm an den Encadrement vun de Kanner a Jonke këmmert. De Grupp Abbé Pierre ass op fir all Kand a Jugendlechen.

http://lgs.lu/GruppBeetebuerg