Avex

Och bei den Avex gett no enger Linn an mat enger Zilsetzung geschafft, vue que dass dest bei den Jugendlechen an der Altersgrupp vun 11-14 Joer bei den LGS "AvEx" genannt, besonnesch wichteg ass. 
Hei gett den Jugendlechen geprägt waat seng spéider Weiderentwecklung unbelangt. Hien léiert ze proposéieren, ze décidéieren, sech s'organiséieren, sech anzesetzen, ze respektéieren, sech s'engagéieren, am Grupp ze liewen an ze agéieren. Déi Idealer, déi him an deser Alterstuf ungebueden gin, sollen net onbedengt Regelen duerstellen, no deenen hien liewen muss, mee éischter als Orientéierungshëllef geduecht, no deenen hien sech moossen kann. Dest ass eng vun den groussen Neierungen déi op den Jugendlechen am Avex Alter duer könnt. Den Avex kann an soll matdécidéieren, waat an senger Branche gemeet gett, dest op eng demokratesch Art an Weis. 


Versammlung as Freides vun 19h00-21h00 am Verainshaus zu Betebuerg

Keine Forenbeiträge gefunden.