RaRo

D'Ranger an d'Rover si jonk Erwuessener, Meedercher a Jonge vun 17 bis 23 Joer. Sie bilden zesummen een Ranger/Rover Clan. 
D'RaRo sin an engem Alter, wou si wichteg Entscheedungen treffe mussen oder virbereeden : d'Wiel vum Beruf, d'Wiel vun engem Liewenspartner an d'Wiel vun enger Liewensorientatioun. Den Numm vun der Branche, Route as Ausdrock vun dësem sichen an ennerwee sin. D'Ziler vun der Route orientéieren sech un de Besoinen vun de Jugendlechen. Si huet als grousst Zil, dass déi Jugendlech lues a lues duerch Aktiounen bewosst un hirem Erwuesse-sin, Engagéiert-sin a Ech-sin schaffen. Bei eis as den eenzelne méi gefuerdert, et as eis wichteg, dass d'RaRo bewosst un hirer egener Perséinlechkeet schaffen. Zur Method gehéiert : d'Liewen an engem Grupp. 
Versammlunge sinn an onregelméisegen Ofstenn Samschdegs em 16h30 am Home (déi genau Datumer stinn an der Agenda), et ginn och Weekender a Campen organiséiert.

Keine Forenbeiträge gefunden.