Albatross

D'Albatross (oder 23+) sinn d'Equippe vu Membere vun engem Guiden a Scoutsgrupp dei mei wei 23 Joer aal sinn. Och wann eis edukatif Missioun a Method bei 23 Joer ophällt schaafen d'Albatrossen d'Méiglechkeen frai an onofhängeg vu Method weider d'Waerter an de Programm vum Scoutismus liewen ze kennen an dobai och nach eng Staip fir de Grupp sinn wa mol Nout um Mann ass (als. Kachequipp, als Organisateur vun engem Ralley, op Fester oder beim Theater...).
Dese Grupp vu Frënn, déi aus dem edukative Guiden a Scouts Alter eraus sinn, sinn oft och als Chef an enger Branche aktif a wëllen nierf hierer Charge als Chef och nach selwer Programm erlierwen. Et kann een awer och bei den Albatrosse sinn ouni eng aktif Roll als Chef am Grupp ze hunn. 
D'Albatross treffen sech normalerweis all zweet Woch Samschdegs (déi genau Datumer stinn am Agenda hei op der HP) em 16 Auer zu Beetebuerg am Home. D'Versammlungen sinn och an den Schoulvakanzen an et ginn och Weekender a Campen organiséiert.

Keine Forenbeiträge gefunden.